|
D’Lampertsbierger Geschichtsfrënn wëllen déi historesch Vergaangenheet vum Lampertsbierg ënnersichen an derfir suergen, datt se net an de Vergiess geréit.
De Veräin (gegrënnt den 09.05.2007) ass drun interesséiert, all Material, dat a Fro kënnt, an engem Archiv ze sammelen an et fir spéider Generatiounen z’erhalen.
Wann Dir Loscht hutt matzehëllefen, eis Vergaangenheet lieweg ze halen, andeems Dir äis Är al Dokumenter géift zougänglech maachen (als Don, Kopie oder ënner soss enger Form), dann adresséirt Iech w.e.g. un de President, den Här Anicet Schmit, 75, avenue de la Faïencerie, L-1510 Lëtzebuerg. Tel. 621 13 33 30
|